Eng bulgaresch Koppel soll zu enger Organisatioun gehéieren, déi illegal Handel mat Neigebuere gedriwwen huet.

D'Police vum däitsche Bundesland Saarland haten d'leschten Donneschdeg zu Neunkirchen eng bulgaresch Koppel festgeholl. Den 58 Joer ale bulgaresche Staatsbierger a seng 51 Joer al Fra, kréie virgeworf zu enger Organisatioun ze gehéieren, déi illegal Handel mat Neigebuere gedriwwen huet. Allebéid goufe mat engem europäeschem Haftbefeel gesicht.

D'Koppel gëtt verdächtegt op d'mannst 8 héichschwanger Fraen aus Bulgarien a Griicheland bruecht ze hunn. Nodeems d'Fraen hir Kanner do op d'Welt bruecht haten, goufen Dës un aner Membere vun der Organisatioun iwwerginn. D'Frae kruten am Géigenzuch Sue versprach.

De Mann an d'Fra goufen no hirer Festnam engem Untersuchungsriichter virgefouert a koumen duerno op Saarbrécken, respektiv Zweebrécken an de Prisong.