Grond fir d'Ofso ass d'Pandemie vum Coronavirus.

D'Oktoberfest zu München gouf offiziell ofgesot. Dat huet de bayresche Ministerpresident Markus Söder e Méinden offiziell matgedeelt. Grond fir d'Ofso ass d'Pandemie vum Coronavirus. Och wa bis am September vill Mënsche géint de Virus geimpft wieren, wier d'Gefor vun enger Iwwerdroung bei ronn 6 Millioune potentielle Visiteuren ze grouss.