D’Entreprise wäerten per Post doriwwer informéiert ginn, wou se d’Selbsttester ofhuele kënnen. Ënner anerem zu Zolwer an zu Bartreng.

D’Entreprise kënnen d‘Corona-Selbsttester, déi d’Regierung bestallt huet, vum 17. Mee u kréien. D’Entreprise wäerten per Post doriwwer informéiert ginn, wou se d’Selbsttester ofhuele kënnen. Dat wäert deemno an Zenteren zu Zolwer, Bartreng, Fridhaff an zu Gréiwemaacher sinn. Dës Präzisioune krut de L'essentiel vum Aarbechtsministère, deen eis dat och confirméiert huet. Et géif een och un anere Léisunge schaffen, fir d'Tester un d'Entreprisen ze verdeelen, heescht et weider.