A Mexiko-Stad ass eng Bréck an e Koup gefall wéi ee Metro driwwer gefuer ass.

An der Haaptstad vu Mexiko ass eng Bréck an e Koup gefall, wéi ee Metro driwwer gefuer ass.

Op d’mannst 23 Mënsche sinn ëm d’Liewe komm, an op d‘mannst 70 wiere blesséiert ginn. Op Fernseebiller gesäit een, dass e puer Waggonen e puer Meter déif erof op Strooss gefall sinn, wou och Autoe gefuer sinn.