Ee méi schwéiert Aarbechtsaccident gouf et e Méindeg de Mëtten zu Déifferdeng.

Bei Verschallungsaarbechten un enger Trap op enger Baustell an der Grand-Rue zu Déifferdeng, ass een Aarbechter e Méindeg de Mëtte géint 15h15 bal 3 Meter an d'Déift gefall. Hien ass dobäi schwéier blesséiert ginn. No enger éischter medezinescher Versuergung op der Plaz, gouf dësen an d'Spidol bruecht. D'ITM gouf informéiert a war op der Plaz. De Parquet aus der Stad gouf informéiert.