En Dënschde Moie war e Geeschterfuerer op der A3 an Direktioun Stad ënnerwee.

Kuerz virun 02h00 en Dënschde Moie gouf der Police e Geeschterfuerer op der A3 gemellt. E puer Patrulle sinn doropshin an den Asaz gefuer. Si konnten de Geeschterfuerer kuerz drop op der Héicht vum Beetebuerger Kräiz stoppen. Bei dësem hat et sech ëm en eelere Mann gehandelt. Dëse war op der A3 fir an Direktioun Stad mat sengem Auto an Direktioun Frankräich ënnerwee.

D'Autobunn war wärend dem Policeasaz gespaart.