Um Dënschdeg de Mëtte sichen d'Beamte vun der Police an der Géigend vun der Polvermillen no engem Déif, deen engem Mann de Portmonni geklaut hat.

En Dënschdeg de Moie krut e Mann bei der Polvermillen an der Stad säi Portmonni geklaut. Den onbekannten Täter hat säin Affer hei aggresséiert a war nom Iwwerfall geflücht. Vun der Police huet et op Nofro hin geheescht, dass den Ament e Policeasaz an der Géigend vum Iwwerfall am Gaangen ass. D'Beamte sichen hei nom Déif.