Et wiere keng Blesséierter ginn ewéi Stécker vum Daach erofgefall sinn.

En Dënschdeg an der Mëttesstonn haten sech eng Partie Stécker vum Daach vum neien Akafszenter op der Cloche d'Or geléist. Dës waren an der Géigend vun der Entrée vum Gebai op de Buedem gefall. Wéi RTL.lu schreift wiere Secouristen op der Plaz gewiescht fir ze verhënneren, dass weider Stécker vum Daach op de Buedem falen.