Fir dass dës Oplockerungen a Kraaft trieden, mussen se als éischt am däitsche Parlament gestëmmt ginn.

Déi däitsch Regierung ass sech e Mëttwoch iwwer eng Partie Oplockerunge vun de Corona-Mesure fir geimpfte Persounen eens ginn. Wéi déi däitsch Tagesschau op hirem Internetsite schreift, sollen esouwuel d'Ausgangsspär ewéi och d'Limitt vun de Leit, mat deenen een sech treffen dierf, fir geimpfte Persounen ewechfalen. Am Laf vun dëser Woch sollen de Bundestag an de Bundesrat iwwer dës méiglech Oplockerungen ofstëmmen.