E Mëttwoch mellt d'Santé 182 Neiinfektioune bei 9.045 Tester. Et ass keng weider Persoun um oder mam Coronavirus gestuerwen.

182 Neiinfektioune bei 9.045 Tester. Dat ass de Bilan vun den Neiinfektioune mam Coronavirus, deen d'Santé e Mëttwoch matgedeelt huet.

Iwwerdeems ass keng weider Persoun um oder mam Coronavirus gestuerwen. D'Zuel vun den Doudesaffer bleift domadder bei 806.

Aktuell leie 84 Persoune wéinst dem Covid-19 am Spidol, dovunner 30 op der Intensivstatioun.

En Dënschdeg waren et 121 Neiinfektioune bei 10.012 Tester.

Bis ewell sinn 78.562 Persounen zu Lëtzebuerg vollstänneg géint de Coronavirus geimpft.