Um Mëttwoch Owend ass et erëm zu enger gréisser Menschenusammlung an der Stad op der Kinnekswiss komm. D'Police schwätzt vu ronn 200 Leit.

D'Police mellt, dass et um kuerz virun 9 zu direkt e puer Kläppereien am Park komm ass. D'Situatioun wier oniwwersiichtlech gewiescht, well duerch déi grouss Menschenusammlung d'Leit direkt op e puer Plazen unenee gerode waren. 
Niewent de Kläppereie waren der Police och e puer Déifstall mat Gewalt gemellt ginn.

Opgrond vun de Verstéiss géint d'Corona-Mesuren huet d'Police dowéinst dunn decidéiert d'Versammlung opzeléisen. Eng Persoun ass a Verbindung mat den Déifställ festgeholl ginn. Ma bei de Kläppereie soll et keng Blesséierter gi sinn.

Et ware ronn 70 Policebeamten an de Policehelikopter am Asaz.