E Freideg Nomëtteg gouf e Mann am Park zu Déifferdeng vun dräi Männer mat enger Waff menacéiert. D'Police sicht no Zeien.

Wéi d'Police e Samschdeg matdeelt, koum et géint 16 Auer zum Virfall. Déi dräi Täter hunn de Mann mat enger Waff menacéiert an hunn hie gezwongen, hinne seng Zigaretten a Boergeld ze ginn.

Et gouf kee blesséiert.

D'Police sicht an deem Kader no Zeien. Eng Täterbeschreiwung läit net vir. Wien eppes gesinn huet oder weess, soll sech bei der Police Déifferdeng ënnert der Telefonsnummer 244 53 1000 mellen.