E Freideg Owend gouf eng illegal Versammlung op der Kockelscheier gemellt. Um Parking hate sech ca. 500 Persounen aus der Tuning-Szen versammelt.

Géint 21 Auer gouf der Police eng illegal Versammlung op der Parkplaz Kockelscheier gemellt. Wéi d'Police op d 'Plaz koum, huet si festgestallt, datt de Parking komplett mat Autoe voll stoung. Et hate sech ca. 500 Persounen aus der Tuning-Szen op der Plaz versammelt.

D'Police huet d'Situatioun mat "allen disponibele Police-Ekippen aus dem Bezierk Süden" kontrolléiert. Pünktlech fir d'Ausgangsspär huet d'Versammlung sech opgeléist.

Et goufen nëmme geréng Verstéiss festgestallt.