Wéi de portugisesche Banneministère matgedeelt huet, geet de Secteur vum Tourismus op nationalem Niveau fir d'EU-Länner nees op.

Portugal lackert ab e Méindeg déi aktuell Corona-Restriktioune fir Touristen.

Wéi de Banneministère zu Lissabon matgedeelt huet, wäerten d'Areesrestriktioune fir all EU-Länner mat enger Inzidenz vu manner wéi 500 Fäll pro 100.000 Awunner ophiewen.

All Persoun déi areese wëll, muss e negative PCR-Test virweisen dee net méi al ass wéi 72 Stonnen. Fluchgesellschaften déi Touristen ouni valabele PCR-Test a Portugal fléien, mussen eng Geldstrof vu bis zu 2.000 Euro pro Tourist bezuelen.

Nach virun 3 Méint hat Portugal déi héchste Corona-Inzidenz weltwäit. An der lescht huet d'Land däitlech manner Neiinfektiounen. Allerdéngs soll ee weiderhin net noutwenneg, touristesch Reesen op d'Azoren an op Madeira evitéieren. Och d'Rees an aner Deeler vum Land gëtt trotzdeem ofgeroden.

Aner Länner nieft Portugal haten donieft Lackerunge fir den Tourismus decidéiert. Italien hat ugekënnegt, d'Quarantänflicht fir Touristen aus der EU ofzeschafen. A Griicheland sinn zum Beispill d'Muséeën a Restauranten nees op.