China konnt elo nodeems et d'NASA virun enger Zäit fäerdeg bruecht huet, hiren alleréischte Marsroboter um roude Planéit erfollegräich landen.

China kann ee weidere Meilestee vu sengem Raumfaartprogramm feieren. Gläich bei der éischter Mars-Missioun vum Land ass et gelongen de Rover "Zhurong" um roude Planéit ofzesetzen.

De Roboter wier um Samschdeg am ausgewielte Gebitt ukomm esou chineesesch Medien. 3 Méint laang soll de Rover d'Atmosphär an de Buedem vum Planéit ënnersichen a Biller maachen.

China ass dat éischte Land, deem et gelongen ass bei der éischter Mars-Missioun de Planéit z'ëmkreesen, eng Landung an eng Rover-Missioun duerchzeféieren. Di béid eenzeg Länner déi bis ewell eng Mars-Missioun exekutéiert krute sinn d'USA an déi deemoleg Sowjetunioun. Béid haten awer e Puer Versich gebraucht.

De Rover "Zhurong" soll ronn 240kg schwéier sinn. Säi Numm léist sech op e Feiergott aus der chineesescher Mythologie ofleeden. De Roboter gëtt mat Sonnenenergie bedriwwen a fiert op 6 Rieder.

Trotz dësem Meilestee stoung China viru kuerzem ënner hefteger Kritik nodeems Rakéitendeeler onkontrolléiert op der Äerd a glécklecherweis am Mier erofgefall sinn.