An Éisträich gëtt an der Stad Weitra an de kommende Wochen de 700. Jubiläum gefeiert. Dat well d'Stad zënter 1321 Béier braut.

Déi eelste Brasserie-Stad an Éisträich feiert an de kommende Wochen de 700. Jubiläum. D'Stad Weitra besëtzt zënter 1321 d'Rechter fir Béier ze brauen. Vill Aktivitéiten a Projete goufe lancéiert an et ginn sech vill Visiteuren erwaart.

Lancéiert gouf zum Beispill d'"Weitra Biermeile". Wéi et heescht sollen hei 9 interaktiv Statioune bannent der Alstad ginn. Behandelt ginn Zesummenhäng tëscht den Ingredienten am Béier souwéi aner Sujeten.

Donieft gëtt de Visiteuren eng "Erlebniswelt Bier" gebueden déi d'Prozesser vu fréier bis op haut erklären.

Zu gudder Lescht gëtt all Visiteur gewuer, wéien "Béiertyp" een eigentlech ass.

Prost op 700 Joer!