Frankräich huet e Meilestee vun 20 Millioune geimpfte Persounen um Samschdeg erreecht. De President Macron feiert dëst an engem Tweet.

Frankräich huet de But vun 20 Milliounen initialen Impfdosissen um Samschdeg erreecht. Dat Deeg virun der grousser Reouverture vun den Terrasse vu Restauranten.

De President Emmanuel Macron huet dëse Meilesteen an engem Tweet annoncéiert. 20 Millioune representéiert ongeféier een Drëttel vun der Bevëlkerung.

Ongeféier 9 Millioune Leit hunn bis ewell och schonn déi zweet Impfdosis kritt.

D'Regierung viséiert 30 Milliounen Impfunge bis de 15. Juni. Donieft hunn d'Autoritéiten eng Baisse bei den Hospitalisatiounen an der Intensivstatioun constatéiert.

Um Mëttwoch wäerte Muséeën, Theateren, Kinoen a Concerten nees mat Limitatiounen opgoen. Dat 6 Wochen no der leschter Fermeture. De Couvre-feu gëtt op 21:00 Auer geréckelt.

Net-essentiell Butteker dierfen och nees opmaachen an d'Gastronomie dierf Clienten empfänken. Dëst awer just un der frëscher Loft.