E Samschdeg mellt d'Santé 62 Neiinfektioune bei 16.526 Tester. Et ass 1 weider Persoun um Covid-19 gestuerwen.

62 Neiinfektioune bei 16.526 Tester. Dat ass de Bilan vun den Neiinfektioune mam Coronavirus, deen d'Santé e Samschdeg matgedeelt huet.

Iwwerdeems ass 1 weider Persoun um oder mam Coronavirus gestuerwen. D'Zuel vun den Doudesaffer klëmmt domadder op 811.

Aktuell leie 40 Persoune wéinst dem Covid-19 am Spidol, dovunner 17 op der Intensivstatioun.

Et goufen bannent 24 Stonne 5.530 Persoune geimpft.

E Freideg waren et 56 Corona-Neiinfektioune bei 14.467 Tester.