Zu Gallipolli an zu Mailand sollen an enger Disco baussen an an enger Disco banne jeeweils 2.000 Mënsche feiere kënnen.

An Italien soll trotz Corona-Pandemie nees gedanzt ginn. De Verband vun den Disco-Bedreiwer start zwee Experimenter. Dat huet e Sonndeg d’Noriichtenagence Anssa matgedeelt.

De 5. Juni soll een Experiment zu Gallipoli starten, wou 2.000 Mënschen ënnert fräiem Himmel an enger Disco feieren dierfen.

Een aneren Test ass an zoue Räim vun engem anere Club zu Mailand, dat awer mat Mask. Dofir gouf awer nach keen Datum genannt.

Un de Partyen deelhuele kënnen nëmme Leit mat engem negative Coronatest oder wann se geimpft sinn. Nom Verloosse vun der Disco gëtt nach een Test gemaach, esou heescht et.