Wéi et heescht, wier de Park een Deel vun engem Projet, dee vun der Uni Freiburg begleet gëtt.

Den Europapark zu Rust, de gréisste Fräizäitpark an Däitschland, dierf viraussiichtlech schonn dëse Freideg nees seng Dieren opmaachen. Dat wann d’Coronazuelen niddreg bleiwen.

Wéi et vum Sozialministère a Baden-Würtemberg heescht, wier de Park een Deel vun engem Projet, dee vun der Uni Freiburg begleet gëtt. Dat huet den Europapark och géintiwwer der Frankfurter Allgemeinen Zeitung confirméiert.

E Freideg um éischten Dag soll de Park fir 3.000 Visiteuren opmaachen. Duerno da fir 10.000 Persounen. Eigentlech hätt de Park Kapassitéite fir 20.000 Mënschen.