Am Enseignement Classique hunn sech 1.578 Schüler ageschriwwen, am Enseignement General 1.785 Kandidaten.

Um Méindeg fänken d’Ofschloss-Examen an de Lycéeën un. Ugefaange mat den schrëftlechen Examen. 3.380 Schüler a Schülerinne sinn am ganze fir d’Ofschloss-Examen ageschriwwen. Vun de Kandidate sinn der 1.976 weiblech an 1.404 männlech.

D'Exame sinn ënner strengen Hygiènesmesuren. Et besteet Maskeflicht. D'Bänke stinn zwee Meter auserneen. Gëtt e Schüler positiv op de Coronavirus getest, kann en d'Examen am Juni nohuelen.

Déi ganz Eldo-Ekipp wënscht jidderengem vill Gléck fir d'Examen :)