D'Täter haten alleguer Kaputzepulloveren un a Loftballone bei sech.

D'Police sicht no engem versichten Iwwerfall mat Kierperverletzung no Zeien. Tëscht 22h00 an 22h20 e Freiden den Owend, goufen 2 Jugendlecher an der onmëttelbarer Géigend vun der Kinnekswiss iwwerfall. Déi 2 goufen an der Géigend vun der Kräizung tëscht der Avenue de la Porte Neuve an dem Boulevard de la Foire vun engem Grupp vu 5 bis 10 Jugendlecher iwwerfall. Alleguerten d'Täter ware schätzungsweis tëscht 16 an 18 Joer al. Als besonnescht Mierkmol haten si alleguer Kaputzepulloveren un a Loftballone bei sech. Der Police no, wier et méiglech, dass de Grupp schonn am Laf vum Freiden duerch änlech Doten um Gebitt vun der Stad opgefall war. Eent vun den Affer hat nom Virfall missten am Spidol behandelt ginn.

An dësem Zesummenhang sicht d'Police den Ament no Zeien. Wien d'Dot beobacht, oder Hiweiser zu der Identitéit vun den Täter huet, ass gebieden sech beim Policekommissariat vun der Stad Lëtzebuerg ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 40 1000 oder iwwer d'Mailadress "Police.LUXEMBOURG@police.etat.lu".