D'Gewerkschaft vum Gemengepersonal schwätzt sech dann och géint eng Iwwerdroung vu sanitäre Kompetenzen op d'Gemengepersonal aus.

D'Gewerkschaft vum Gemengepersonal ass géint d'Propose, dass d'Gemengen als Covid-19-Test-Zenteren fungéiere kënnen. Wéi et an engem Communiqué vun der FGFC heescht wier dës Propose net mat de Sozialpartner ofgeschwat gewiescht.

An dësem Zesummenhang géif een sech dann och vun der Inneministesch Taina Bofferding erwaarden, dass si sech ,,... hannert d’Gemengepersonal stellt, an net alles schléckt, wat eis als Gemengepersonal soll vu Regierungssäit opgebrummt ginn.``

D'Gewerkschaft schwätzt sech dann och géint eng Iwwerdroung vu sanitäre Kompetenzen op d'Gemengepersonal aus. An dësem Zesummenhang wieren dann och eng ganz Partie Froe vun der Responsabilitéit nach net beäntwert. Esou zum Beispill déi, wat geschéie géif, wa beim Teste Feeler passéieren.