Och d'lescht Woch hat d'Police nees kontrolléiert ob d'Leit sech un déi sanitär Mesuren hale géifen.

Am Laf vun der leschter Woch huet d'Police ronn 230 mol kontrolléiert, ob d'Leit sech un déi aktuell Corona-Mesuren hale géifen. Nieft der Kontroll vun der Ausgangsspär an dem Anhale vun de sanitäre Mesure bei Versammlungen, gouf och kontrolléiert, ob déi sanitär Reegelen an den Akafszenteren, oder am Kader vun anere kommerziellen Aktivitéiten, géife respektéiert ginn.

Ronn 200 Persoune kruten dann d'lescht Woch e Protokoll well si sech net un d'Mesure gehalen haten. A 75 Prozent vun de Fäll haten dës Persoune géint d'Ausgangsspär verstouss.

Schliisslech haten d'Beamte vun der Police 25 mol e Bericht geschriwwen an Dësen un déi zoustänneg Autoritéite weidergeleet. Dëst ënnert anerem a Fäll an deene Mannerjäreger sech am Kader vu groussen Usammlunge vu Mënschen net un déi sanitär Mesure gehalen haten oder Dës a Caféen oder Restauranten ignoréiert goufen.