D'Stater Gastronome sollen d'Méiglechkeet kréie fir Bonge fir gratis Schnelltester un hir Clienten ze verdeelen.

D'Stad Lëtzebuerg wëll d'Restaurateuren an d'Cafetiere mat Bonge fir gratis Schnelltester ënnerstëtzen. Wéi et an engem Communiqué vun der Stad Lëtzebuerg heescht, kann all Restaurateur a Cafetier sech vun en Dënschdeg de Mëtte 14h00 un eng Enveloppe mat 100 Bonge fir gratis Schnelltester bei der Stater Gemeng ofhuelen. Dat entweder am Stadhaus um Knuedler oder am Gebai "Rocade" an der Rue du Laboratoire.

Dës Bonge kënnen si dann un hir Cliente verdeelen. Dës kënnen sech domadder an enger Apdikt mat engem Schnelltest op de Virus testen an d'Resultat vum Test zertifiéiere loossen. D'Bonge wäerte bis den 12. Juni 2021 inclus valabel sinn.

Iwwerdeems besteet och d'Méiglechkeet, dass d'Clienten sech selwer e Bong fir e gratis Test bei der Gemeng ofhuelen.