D’Lescht Joer war de gréisste Marathon vun der Welt wéinst der Pandemie ausgefall. Dëst Joer soll en awer sinn, dat mat e puer Ännerungen.

Dëst Joer soll nees de grousse Marathon zu New York stattfannen. De groussen Event ass fir de 7. November geplangt, esou de Gouverneur vun New York. Allerdéngs dierfen dëst Joer nëmmen 33.000 amplaz vun de gewinnte 55.000 Mënsche mat dobäi sinn. Fir dass d’Sportler Ofstand hale kënnen, soll de Start a klenge Gruppen iwwert e puer Stonne gestreckt ginn. D’Lescht Joer war de gréisste Marathon vun der Welt wéinst der Pandemie ausgefall.