Dat awer ënner méi strenge Sécherheets- an Hygiènesmesuren.

Den Disneyland zu Paräis mécht nees seng Dieren op. De Fräizäitpark huet op Twitter wësse gedoen, dass de Park de 17. Juni nees opmécht. Dat natierlech ënner méi strenge Sécherheets- respektiv Hygiènesmesure wéi soss. Ënner anerem musse Visiteuren iwwer 6 Joer eng Mask unhunn. D’Zuel vun de Leit ass limitéiert, an et muss ee seng Tickets am Viraus online reservéieren.