80 Prozent vun de Studenten hunn uginn, dass hir mental Gesondheet méi schlecht ginn ass, zënter dem Ufank vun der Pandemie.

De Studente geet et wéinst der Pandemie mental extrem schlecht. Dat geet aus enger Ëmfro ervir, déi de Studentevertrieder ACEL gemaach huet. De Sujet vun der Ëmfro war den Impakt vun der Pandemie op d'Studenten.

80 Prozent vun de Studenten hunn uginn, dass hir mental Gesondheet zënter dem Ufank vun der Pandemie méi schlecht ginn ass. Virun allem d’Kontakt-Beschränkunge sinn eng grouss Belaaschtung. 46 Prozent sinn onzefridde mam digitale Léieren. Ausserdeem ass fir bal 60 Prozent den Aarbechtsopwand méi grouss ginn. 27 Prozent vun de Befroten hu souguer driwwer nogeduecht hire Studium ofzebriechen.

Positiv wier awer, dass et just wéineg Studenten aus Lëtzebuerg finanziell manner gutt geet, wéi virun der Pandemie. 19,2 Prozent hunn uginn, dass sech hir finanziell Situatioun verschlechtert huet. 6 Prozent hunn uginn, dass si hiren Niewenjob wéinst der Pandemie verluer hunn, woubäi ee soe muss, dass just eng Minoritéit vun de Befroten een Niewenjob huet, esou d'ACEL.

80 Prozent hunn uginn, keen Niewenjob ze hunn. Och dat zousätzlecht Semester Bourse fir jiddereen, deen am Summersemester 2020 ageschriwwe war, huet dozou bäigedroen, dass just wéineg Studenten sech Gedanken ëm hir finanziell Situatioun maachen.

D'ACEL erhofft sech, dass mat dëser Ëmfro kloer gëtt, dass d'Studenten déi Hëllef brauchen, séier an onkomplizéiert Hëllef kréien. Als ACEL erhofft een sech o ch, dass den Zougang zu professioneller Hëllef fir Studenten, deenen hier mental Gesondheet sech verschlechtert huet, méi einfach a manner käschtenintensiv gëtt.