Op der beléifter spuenescher Insel Mallorca dierfe Clienten nees an der Gastronomie bannen zerwéiert ginn. Dëst gëllt zënter e Sonndeg.

Op Mallorca ass ee weidere Schratt a Richtung Normalitéit gemaach ginn.

Zënter e Sonndeg dierf Gastronomie op der spuenescher Insel nees Clienten zerwéieren. Dëst bis de 5. Juni emol bis 18:00 Auer. Baussen dierf bis 23:00 Auer zerwéiert ginn.

Allerdéngs gëlle weiderhi streng Mesuren an e Couvre-feu ass och nach en place.

Dës Nouvelle kënnt dementspriechend gutt fir Touristen déi eng Vakanz geplangt hunn.