Et ass keng weider Persoun um Virus gestuerwen.

Vun 347 Tester war kee positiv. Dat ass de Bilan vun den Neiinfektioune mam Coronavirus, deen d'Santé e Méindeg matgedeelt huet.

Iwwerdeems ass keng weider Persoun am Zesummenhang mam Virus gestuerwen. D'Zuel vun den Doudesaffer bleift domadder bei 818.

Am Moment leie 5 Persoune wéinst dem Covid-19 am Spidol, dovunner 2 op der Intensivstatioun.

Bis ewell sinn 208.424 Persounen zu Lëtzebuerg vollstänneg géint de Coronavirus geimpft.