An de Caféen a Restaurante kéinten nom 12. Juni méi Leit empfaange ginn, wann d'Coronazuelen esou bleiwen. Eng definitiv Decisoun steet nach aus.

Nom 12. Juni kéinten nees méi Leit an de Restauranten a Caféen empfaange ginn, an d’Ouvertures-Zäiten nees verlängert ginn. Do dernieft kéint d’Ausgangsspär geschwë verschwannen. Doriwwer gouf e Méindeg an den zoustännege Chamber-Kommissiounen diskutéiert. Dat natierlech wann d’Coronazuele weiderhin sou niddreg sinn.

Den Direkter vun der Santé, den Dokter Jean-Claude Schmit sot e Méindeg am RTL-Interview, dass et a Richtung weider Ouverture geet. Detailer wollt hien awer nach keng nennen. Et ass nämlech d’Regierung, déi deemnächst decidéiert, wéi et nom 12. Juni viru soll goen. D’Schnelltester am Horeca-Beräich wäerten awer wuel nach eng Zäit laang bleiwen, heescht et weider.