D'Petitionärin fuerdert 2 fräi Deeg fir Fraen déi hir Reegel kréien an deck Péng hunn. Et géif drëms goen, dëse Fraen entgéint ze kommen.

2 Deeg Aarbechtsdispens pro Mount fir Fraen déi hier Deeg kréien. Dat fuerdert d'Petitioun 1865. Dës Petitioun krut elo genuch Ënnerschrëfte fir kënnen an der Chamber ëffentlech debattéiert ze ginn. Se krut bis ewell 4.502 Ënnerschrëften, 4.500 Ënnerschrëfte ginn duer fir kënnen debattéiert ze ginn.

D'Zil vun dëser Petitioun ass et de Fraen ze erlabe wéinstens 2 Deeg pro Mount eng Dispens ze gi fir kënnen doheem ze bleiwen an sech net musse forcéiere respektiv quäle mat Péng schaffen ze goen. Et geet net drëms sech all Mount musse krank ze mellen an sech dofir schëlleg ze fillen e Krankeschäin eranzereechen, et geet drëms de Fraen entgéint ze kommen, esou heescht et.