D'Affer hat beim Iwwerfall schwéier Blessuren dovugedroen.

Am Kader vun engem gewalttätegen Iwwerfall sicht d'Police den Ament no Zeien. Um 03h00 Moies de 15. Mee 2021 war e Mann op der Paräisser Plaz an der Stad iwwerfall ginn. Hie war hei vu 5 Persounen attackéiert ginn. Bei hinne soll et sech ëm 2 Männer mat donkeler Hautfaarf an 3 Männer mat nordafrikaneschen Originne gehandelt hunn. D'Affer hat beim Iwwerfall schwéier Blessuren dovugedroen.

Wien Hiweiser zu dësem Virfall huet ass gebieden sech beim Policekommissariat aus der Stad ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244401000 oder iwwer d'Mailadress "police.luxembourg@police.etat.lu".