Am Kader vun de Razzie goufen ënnert anerem 8 Tonne Kokain an 22 Tonne Cannabis confisquéiert.

Am Kader vun enger weltwäiter Razzia un där nieft Europol an de Policeautoritéiten aus 16 verschiddene Länner och den amerikaneschen FBI an déi amerikanesch Drogepolice "DEA" deelgeholl hunn, goufen am Ganzen 800 Persoune festgeholl.

Am Virfeld vun der Razzia haten den FBI an déi australesch Police eng Kommunikatiounsplattform, op där verschlësselt Message ausgetosch konnte ginn, entwéckelt. Am Ganze gouf dës Software op 12.000 Apparater installéiert an iwwer 300 kriminell Organisatiounen aus 100 verschiddene Länner haten op Dës zeréckgegraff.

Am Ganze goufe 27 Millioune Messagen iwwer dës Plattform verschéckt a vun den Autoritéiten analyséiert. D'Informatiounen aus dëse Messagë goufen da genotzt fir Razzien a 16 verschiddene Länner ze maachen. Am Kader vun dëse Razzie goufe 700 Haiser duerchsicht an 800 Persoune festgeholl. Ausserdeem goufen ënnert anerem 8 Tonne Kokain, 22 Tonne Cannabis, 250 Schosswaffen an 48 Milliounen $ a verschiddene Wärungen a Kryptowärunge confisquéiert.