Déi 5 haten am Ganzen 80 Bulle mat Kokain bei sech.

E Méinden hat d'Police eng gréisser Drogekontroll am Garer Quartier an der Stad duerchgefouert. Dobäi goufe 5 presuméiert Drogendealer ermëttelt. Si haten am Ganzen 80 Bulle mat Kokain bei sech. Alle 5 goufen op Uerder vum Parquet festgeholl a koume virun den Untersuchungsriichter. D'Drogen, eng gréisser Zomm Boergeld an 9 Handye goufe vun der Police confisquéiert.