Och d'lescht Woch hat d'Police nees kontrolléiert ob d'Leit sech un déi sanitär Mesuren hale géifen.

Am Laf vun der leschter Woch huet d'Police ronn 236 mol kontrolléiert, ob d'Leit sech un déi aktuell Corona-Mesuren hale géifen. Nieft der Kontroll vun der Ausgangsspär an dem Anhale vun de sanitäre Mesure bei Versammlungen, gouf och kontrolléiert, ob déi sanitär Reegelen an den Akafszenteren, oder am Kader vun anere kommerziellen Aktivitéiten, géife respektéiert ginn.

104 Persoune kruten dann d'lescht Woch e Protokoll well si sech net un d'Mesure gehalen haten. 90 vun hinnen hate géint d'Ausgangsspär verstouss. A 14 Fäll haten d'Polizisten e Rapport geschriwwen.