De Virfall hat sech en Dënschdeg an der franséischer Gemeng Tain l'Hermitage ofgespillt.

A Frankräich hat en onbekannte Mann dem President Macron eng op de Bak ginn. De Virfall hat sech en Donneschdeg an der franséischer Gemeng Tain l'Hermitage ofgespillt. Den Emmanuel Macron war am Kader vu sengem Walkampf an déi südfranséisch Gemeng gereest. Hien hat hei mat der Leit geschwat an hinnen d'Hand ginn. Dobäi hat en onbekannte Mann hien um Aarm festgehalen an him eng mat der flaacher Hand op de Bak ginn. De President gouf nom Virfall a Sécherheet bruecht an den Ugräifer an eng weider Persoun goufe festgeholl. Si sollen den Ament vun der Police befrot ginn.