Den Täter hat en Ziedel hannerlooss op deem hie sech fir d'Dot entschëllegt huet.

En éischten ongewéinlechen Déifstall gouf et an der saarlännescher Stad Homburg an Däitschland. Tëscht 02h00 a 07h00 en Dënschdeg de Moien hat en onbekannten Täter d'Scheif vun engem Automat fir Grill-Fleesch an der Talstraße ageschloen a Wirschtercher an e Brot am Wäert vun 250 € aus Dësem geklaut. Op der Plaz hat den Täter dann en Ziedel hannerlooss op deem hie sech fir d'Dot entschëllegt huet.