De Fall hat an England eng hefteg Debatt iwwer d'Sécherheet vu Fraen a sexuell Iwwergrëffer duerch Polizisten ausgeléist.

E brittesche Polizist huet zouginn déi 33 Joer al Sarah Everard entfuert a vergewaltegt ze hunn. Ausserdeem huet den 48 Joer ale Policebeamten en Dënschde viru Geriicht zouginn, dass hie fir den Dout vun der 33 Joer aler Fra responsabel wier. D'Sarah Everard war den 3. Mäerz op hirem Heemwee vun enger Frëndin, südlech vu London verschwonnen. Eng Woch duerno war hir Läich an engem Bësch an der Grofschaft Kent opfonnt ginn. De Fall hat an England eng hefteg Debatt iwwer d'Sécherheet vu Fraen a sexuell Iwwergrëffer duerch Polizisten ausgeléist.