De Ratko Mladic gëllt ënner anerem als Haaptverantwortleche fir d'Massaker vu Srebrenica.

E Geriicht vun de Vereenten Natiounen huet dem fréiere bosnesch-serbeschem Arméischef Ratko Mladic seng liewenslaang Prisongsstrof confirméiert. De Ratko Mladic gouf 2017 wéinst Vëlkermord, Krichsverbriechen a Verbrieche géint d'Mënschlechkeet zu enger Liewenslaanger Prisongsstrof verurteelt. Hie gëllt ënner anerem als Haaptverantwortleche fir d'Massaker vu Srebrenica. Am Kader vum Bosnie-Krich, ware 1995 an der bosnescher Stad méi ewéi 8000 muslimesch Männer a Jonge vu serbeschen Zaldoten ëmbruecht ginn.

De Maldic bestreit bis haut all Resposabilitéit um Massaker.