An der Belsch an a Frankräich dierfen d'Caféen an d'Restauranten och nees banne Gäscht empfänken.

An der Belsch dierfe vun e Mëttwoch un d’Caféen an d’Restauranten och nees banne Gäscht empfänken. Dat gëllt vun e Mëttwoch un och a Frankräich.

A Frankräich dierfen iwwerdeems d‘Fitness-Zenteren an d‘Fräizäit-Parken nees opmaachen. Ausserdeem gëtt d’Ausgangsspär op 11 Auer owes no hanne verréckelt. Och d’Arees gëtt méi einfach. Sou geet een Noweis iwwert eng komplett Impfung oder een negativen Antigentest duer, deen net méi al wéi 72 Stonnen ass. Virdru war ee PCR-Test Flicht.