De Corona-Impfstoff vu Biontech-Pfizer ass an den USA an an der EU bis ewell fir Mënsche vun 12 Joer un zougelooss.

D’Pharma-Entreprise Biontech a Pfizer breeden hir Tester vun hirem Corona-Impfstoff op Kanner ënner 12 Joer aus. D’Tester ginn an enger éischter Phas mat 4.500 jonke Mënschen an den USA, Finnland, Polen a Spuenien gemaach. D’Persoune sinn tëscht 5 an 11 Joer al.

Den Impfstoff vu Biontech-Pfizer ass an den USA an an der EU bis ewell fir Mënsche vun 12 Joer un zougelooss.

Déi europäesch Medikamentenagence EMA huet iwwerdeems matgedeelt, dass iwwert d’Zouloossung vum Moderna-Impfstoff fir Jonker vun 12 Joer un, am Juli decidéiert gëtt.