Zejoert goufen et zu Lëtzebuerg 21 Verurteelunge wéinst Viol.

Zejoert goufen zu Lëtzebuerg 132 Plainte wéinst Viol, respektiv versichtem Viol, agereecht. Dat äntweren d'Justizministesch Sam Tanson an de Minister fir déi bannenzegst Sécherheet Henri Kox op eng parlamentaresch Fro vun der Deputéierter Carole Hartmann vun der DP. De Gros vun dëse Plainte goufen iwwerdeems wéinst Viol gemaach. Nëmme 5 Plainte goufe wéinst versichtem Viol deposéiert. Wéi et an der Äntwert vun der Ministesch a vum Minister heescht wieren dës Plainte sou seelen, well d'Penetratioun ee vun de konstitutiven Elementer vun enger Vergewaltegung wier. Wann Dës net virläit, géif een sech éischter am Beräich vun engem "Attentat à la pudeur" beweegen. Zejoert goufen et dann 21 Verurteelunge wéinst Vergewaltegung

An hirer Äntwert sinn d'Ministesch an de Minister och op de sougenannten "Stealthing" agaangen. Dorënner versteet een d'Ausdoe vum Kondom, wärend dem Sex ouni, dass de Partner sech domadder averstanen erkläert huet. Dëse géif am Code Penal net eenzel erfaasst ginn. Allerdéngs kéint Dësen duerchaus eng Form vu Viol duerstellen. Nämlech da wann de Partner ze verstoe ginn hat, dass hien oder hatt nëmme mat Protektioun Sex wéilt hunn.