De Cannabis bleift déi am meeschte consomméiert illegal Drog.

83 Milliounen Europäer am Alter vu 15 bis 64 Joer hunn op d'mannst eng Kéier an hirem Liewen illegal Droge consomméiert. Dat geet aus dem aktuellen europäeschen Drogen-Rapport, deen e Mëttwoch publizéiert gouf. ervir. De Cannabis bleift déi illegal Drogen, déi am Dacksten ausprobéiert gëtt. An der EU hu 47,6 Millioune Männer an 30,9 Millioune Fraen op d'mannst eng Kéier an hirem Liewe Cannabis consomméiert.

Och zu Lëtzebuerg bleift de Cannabis, déi illegal Drog, déi am meeschte consomméiert gëtt. Am Joer 2019 haten 23,3 Prozent vun de Leit am Alter vu 15 bis 64 Joer op d'mannst eng Kéier Cannabis consomméiert. Bei de Jonken am Alter vu 15 bis 34 Joer waren et der an deem nämmlechte Joer 12 Prozent.

Wärend deem nämmlechte Joer goufen hei am Land am Ganzen 371 Kilogramm fäerdeg Cannabis-Produiten an 22 Cannabis-Planze confisquéiert.

Däitlech manner Leit haten 2019 hei am Land Kokain consomméiert. Bei de Leit am Alter vu 15 bis 64 Joer waren et der 2,9 a bei Deenen am Alter vu 15 bis 34 Joer waren et der 0,9 Prozent. Am Ganze goufen am Joer 2019 hei am Land 2 Kilogramm Kokain séchergestallt.

Bannent deem selwechte Joer waren zu Lëtzebuerg 6 Kilogramm Heroin confisquéiert ginn. 2018 waren hei am Land 1099 Persounen a Behandlung, well si süchteg no Opiater waren.