En Dënschde war eng onbekannte Persoun an en Appartement um Kierchbierg agebrach.

Um 23h00 en Dënschde war et zu engem Abroch um Kierchbierg an der Stad komm. En onbekannten Täter war hei duerch eng oppe Fënster an eng Wunneng um Rez-de-chaussée vun engem Appartementshaus an der Rue des Cigales agedrongen. D'Bewunner vum Appartement waren duerch Kaméidi, deen aus enger Schlofkummer koum op den Abriecher opmierksam ginn. Wéi si an der Kummer nokucke wollten, hunn si allerdéngs misste feststellen, dass Dësen d'Kummer vu bannen zougespaart hat. An der Kummer hat de Brigang Suen a Bijoue geklaut. Nom Abroch war hien an onbekannten Direktioun geflücht.

Kuerz no Mëtternuecht e Mëttwoch de Moie konnt eng Patrull vun der Police dunn e Mann op der Stater Gare stellen. Dëse war mat engem Vëlo ënnerwee, deen d'leschte Samschden als geklaut gemellt gi war. De Besëtzer vum Vëlo krut dësen zeréck a géint de presuméierten Déif gouf eng Plainte gemaach.