D'Summerschool war agefouert ginn, fir dass d'Retarden zu deenen et wärend der Pandemie vun de Schoule koum, opgeschafft konnte ginn.

Déi sougenannten "Summerschool" kéint och nom Enn vun der Pandemie bäibehale ginn. Dat sot den Educatiounsminister Claude Meisch am Kader vun enger Aktualitéitsstonn ë Mëttwoch de Mëtten an der Chamber. D'Summerschool war wärend der Pandemie agefouert ginn. Dat fir, dass d'Retarden zu deenen et wärend der Fermeture vun de Schoule koum, opgeschafft konnte ginn. Weider huet de Minister matgedeelt, dass hien d'Acteuren aus de Schoule bannent de nächste Woche kontaktéiere géif, fir d'Rentrée ze preparéieren.