Den Educatiounsministère huet de Bilan vun der Situatioun vum Coronavirus an de Lëtzebuerger Schoulen a Lycéeë gemaach.

Tëscht dem 31. an dem 6.Juni goufen et am Ganzen 101 Fäll vum Coronavirus an de Lëtzebuerger Schoulen a Lycéeën. Dat deelt den Educatiounsministère en Donneschdeg an engem Communiqué mat. Géigeniwwer der Woch virun der Päischtvakanz ass d'Zuel vun de Fäll vum Covid-19 an de Lëtzebuerger Schoulen a Lycéeën ëm 81 gefall.

99 mol hat et sech bei de Fäll vum Coronavirus an de Lëtzebuerger Schoulen a Lycéeën d'lescht Woch ëm en Zenario 1 gehandelt. Hei konnt mat Sécherheet festgestallt ginn, dass déi Betraffen sech baussent der Schoul ugestach haten an, dass et och net zu enger Iwwerdroung vum Virus ënnerhalb vum Schoulgebai komm war. D'lescht Woch war et an 31 Grondschoulen, an 23 Lycéeën an an engem Kompetenz-Zenter zu engem Zenario 1 komm.

2 Fäll haten engem Zenario 2 entsprach. Hei goufe maximal 2 Persounen an der nämmlechter Klass positiv getest, woubäi net eendeiteg konnt nogewise gi wou si sech infizéiert haten. Dat war d'lescht Woch an 2 Lycéeën de Fall.

Bannent der leschter Woch war et a kenger Lëtzebuerger Schoul an a kengem Lycée zu engem Zenario 3 oder 4 komm. Deemno gouf et d'lescht Woch keen Zenario an deem an enger Klass 3 bis 5 Leit positiv getest goufen an et gouf och keen Zenario an deem Leit sech an der Schoul mam Virus infizéiert haten.

Liest hei de Communiqué vum Ministère:

COVID-19: Évolution de la situation dans les écoles luxembourgeoises entre le 31 mai et le 6 juin 2021 (10.06.2021)

Communiqué par: ministère de l'Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse

Le bilan chiffré des élèves et enseignants testés positifs à la COVID-19 se rapporte à l’ensemble des établissements scolaires de l’enseignement fondamental/primaire et secondaire public et privé et des Centres de compétences en psychopédagogie spécialisée situés sur le territoire du Luxembourg.

Dans la semaine du 31 mai au 6 juin 2021:

  • 99 cas positifs correspondant à un scénario 1 ont été dénombrés dans 31 écoles fondamentales, 23 lycées et un Centre de compétences (scénario 1: élève ou enseignant infecté à l’extérieur de l’école sans qu’il n’y ait eu une propagation du virus à l’école).
  • Deux cas positifs correspondant à un scénario 2ont été constatés dans deux lycées (scénario 2: deux cas positifs dans une classe avec une source d’infection incertaine ou vraisemblablement extérieure à la classe).
  • Aucun scénario 3n’est apparu cette semaine (scénario 3 : trois à cinq cas positifs dans une classe).
  • Aucun scénario 4n’est apparu cette semaine.