D'Demandë fir eng fräi Nuecht accordéiert ze kréien, kënnen zënter en Donneschdeg bei der Stater Gemeng agereecht ginn.

Vum 13. Juni un wäert et nees méiglech si fir fräi Nuechten an der Stad ze organiséieren. Dat deelt d'Gemeng vun der Stad Lëtzebuerg en Donneschdeg an engem Communiqué mat.

D'Caféen, d'Restauranten an d'Diskoe kënnen deemno hir Demande, fir an der Period vum 13. Juni bis de 15. Juli eng fräi Nuecht accordéiert ze kréien, bei der Stater Gemeng areechen. Wa si Dës accordéiert kréien, dierfen si bis 03h00 Moies op sinn. An der Nuecht vum 22. Juni, also dem Virowend vun Nationalfeierdag, wäert iwwerdeems eng generell fräi Nuecht gëllen. Deemno wäert do all Betrib aus der Horeca an all Disko bis 03h00 dierfen op sinn.

Ausserdeem wäerten och Privatleit fir déi uewe genannte Period eng fräi Nuecht ufroe kënnen.

All Demande fir eng fräi Nuecht muss op d'mannst 5 Schaffdeeg virum Datum vun der Nuecht bei der Gemeng agereecht ginn.