De franséische President schwätzt vu enger "isoléierter Dot".

Dee Mann, deen dem franséische President Emmanuel Macron virun e puer Deeg wärend enger Visitt eng op de Bak geschloen huet, gouf zu 18 Méint Prisong verurteelt, dovu 14 op Sursis. Den 28 Joer ale Mann gouf direkt festgeholl a muss 4 Méint an de Prisong.
Hien huet ausgesot, hien hätt seng Onzefriddenheet mam Macron senger Politik wëllen zum Ausdrock bréngen