Ee Pak mat 20 Zigarette soll vum nächste Joer un duerchschnëttlech 10 Cent méi deier ginn.

An Däitschland soll d‘Fëmme méi deier ginn. De Bundestag huet elo eng Erhéichung vun der Tubakssteier decidéiert. Dës klëmmt d’nächst Joer pro Pak ëm duerchschnëttlech 10 Cent. An Ganze soll d’Tubakssteier an den nächste 5 Joer schrëttweis ëm 50 Cent klammen. Besonnesch héich fält den Opschlag bei E-Zigaretten an Tubak-Erhëtzer aus, déi bis ewell nëmme schwaach besteiert goufen, esou heescht et.